Samsten- haut ass dem Ann sein B-day buah daat gett bestemmt so gaaail. ech derf seguer um bierg schloofen d.h. feieren biss ech emfaalen=) tjo soss hun ech net grad vill mei ze zielen wuarden elo nemmen nach daat julie mir eng sms schreiwt dann kann ech goen.
ech mengen ech kann dest joer wierklech vun Emanzipation schwetzen. Ech hun endlech daat ferdeg bruecht waat ech mer schon virun e puer joer firgehol haat. Ech hun meng elteren, virunallem mein papp konfronteiert. Ech muss soen ech sin selwer vum Ennresultat iwerrascht.
Niemols hett ech gegleewt daat ech so weit geing kommen an meing freiheet geing kreien. ech ferten mein papp net mei sovill, kloer respekteieren ech heen nach, mee ech haat mer virun allem suergen gema daat eis Bouff-Papp bezeiung nach mei geing drenner leiden mee et ass dne absoluten kontraire. ech kann endlech nees erem richteg mat mengem papp schwetzen an heen gesait mech och endlech als daat waat ech sinn an waat ech kann. et waren haart joer dei ech elo hannert mer hun. sowuel waat schoul ubelangt, waat mein sozialen emwelt, famill, an so weider.
mee ech mengen daat kapitel hun ech elo endlech oofgeschloss. ech hun eng grouss wandlung duerch gema virun allem daat lescht joer, ech sin zwa nach net ganz am enn mee ech mengen daat ech mech mettlerweil selwer font hun. Doweinst kann ech jiderengem nemmen soen niemols den kapp henken ze loosen an emmer weider kämpfen.d'liewen leeft fir jidereen mol net so gudd, mee nom reen kennt awer emmer d'sonn, an muer ass och nees en daag.
tjo ech mengen lo gouf ech hei zimlech philosophesch, mee et ass awer heinsdo och wichteg so saachen lass ze gin an seng erfahrungen mat annerer deelen.
opjiderfall freen ech mech absolut op den owend.
samedi 1 novembre 2008
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire