dimanche 14 décembre 2008

BLABLABLA

uuuhh ze vill geschta. bon chreschtmuart war za ustrengend(waat een vlait net geing mengen) mee et huet mir awer spaas gema.(an ausserdeem hun ech net schlecht verdingt=P). tjo an eist chreschtiessen geschta war och ganz relax. mmmhh den saumon war sou gudd, ech hett loscht elo nach e bessi dovun z'iessenXD. tjo en metten sin ech dann erem am chreschtmuart mein dingscht erleedegen an daat weret dann och fir dest joer gewiecht. muer dann stonnelaaf, do kreie mir och eis nei cool t-shirten.
leider muss ech elo bedaueren daat eng gewessen persoun sein blog gelöscht huet, ech wees net wiseu an ech mengen ech well et och net wessen.(ech wert et soweiso gewuer gin) mee opjiderfall fannen ech et dach schued well, eierlesch gesoot ech mein englesch e bessi improved hun(well ech baal all 2. wuert hun missen nosichen goen).


Post Scriptum: de gustibus et coluribus non disputandum mee yannick ech sin keen idiot an NATIERLECH wosst ech et daat et dei blog war. tjo ech wenschen dir awer vill gleck an kann der nemmen eppes soen: wiel daat aus waat dir am meeschten spaas mescht an kempf dofir, an wannste op eng E wells dann gei an mach dech net verreckt.

1 commentaire:

Anonyme a dit…

fier da alles genau ze erklären:

ech hun mam gedank gespillt ob E ze goen well ech problemer am franseischen hun ob da A wei d sarah da wahrscheinlech schon laang an breet erzielt wert hun. An ech hun lo an der leschter prüfung dei ma geschriwwen hun 30 gebraucht fier 30 ob d zensur ze kreien an duerch verschidden emstänn (dei hat da secher och erzielt huet) haat ech geduet ech hätt eng datz. mee krut schlussendlech 33 an sinn lo aus da datz raus dh ech bleiwen och ob menger A. Ech haat ma d E amfong sou als noutleisung rausgesicht falls ech an der heitener lo eng ultra deif datz gehaat hätt aus den grenn dei d sarah da bestemmt och weidergetrascht huet. Also maach da keen kapp ech bleiwen ob da A well et ma awer am meeschten brengt fier speiderhin an mech sproochen awer intresseieren an ech sws net weisst waat ech mat da E ufenken sollt da ech nemmen an da geschicht vun da konscht intresseiert sinn, allerdings net dodran da och selwer ze fabrizeieren.

Mein Blog hun ech gelöscht da ech epps neies wollt, en mech genervt huet an ech den ganzen A oder E dengens domater 'ofschleissen' wollt. D'geet dech amfong geholl neischt un mee soen da einfach lo alles iet et nes zu falschen interpretatiounen kommen (cf anna geschicht, io d sarah konnt och do den back net haalen). Fier den rescht ech wert ech ma secherlech och een neien blog maachen vu que da ech speiderhin epps mat journalismus well maachen an daat dann och een gudden training fier mech ass.

P.S vermeid et vlt fier iwer leit ob dengem blog ze schreiwen an dann hieren richtegen numm unzeginn. (du schreiws io heinsto iwer profen oder sou saachen eben). Verschiddener kennen daat falsch obhuelen an dann kins de eventuell problemer kreien. der dann och bonne chance fier den rescht.

Cheers

Yannick